Retour aux actualités

Success Story vun RTL am 1535°

Actualités Publié le 20.02.2018

An der Success Story 2018 sicht RTL no de beschten neie Geschäftsiddien. 20 Kandidate si fir de Pitch virun der Jury zougelooss.  Awer nëmmen 8 vun hinne packen et an d’Finale.

Si kréien individuell Challengen mat op de Wee fir hir Projeten op de Punkt ze bréngen. A wäerten dës an der Finale presentéieren.

Déi 3 Gewënner kréie jiddereen ee Joer laang gratis e Lokal am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng, zur Verfügung gestalt. Zousätzlech gëtt et e klengt Startkapital.

D‘Jury besteet aus de 4 Experten Joubin Bashiri (Partner bei Tenzing-Partners), Tania Brugnoni (Directrice vum creative hub 1535°), Christophe Folschette (Matgrënner vun Talkwalker) a Carole Müller (administrateur déléguée Fischer S.A.).